>@ingwervanille/Getty Images
©ingwervanille/ Getty Images
  • D’Lëtzebuerger leien am järlechen EIB-Klimabericht däitlech iwwer dem EU‑27-Duerchschnëtt, woubäi se sech op Ursaachen, Follegen a Léisunge fir de Klimawandel konzentréieren. Anescht ewéi an den Nopeschlänner verfügen déi jonk Leit zu Lëtzebuerg iwwer e gréissert Wëssen iwwer de Klimawandel ewéi hir eeler Matmënschen.
  • Déi Befrot weisen en ausgepräägt Wëssen iwwer d’Ursaachen a Follege vum Klimawandel, obwuel d’Wëssen iwwer Léisungen nach Verbesserungsbedarf huet.

De Kampf géint de Klimawandel erfuerdert kollektiv Moossnamen – vu Regierungen, Institutiounen, Entreprisen an Eenzelpersounen. E gutt Versteesdemech vun der Klimaproblematik ass vun entscheedender Bedeitung, fir datt d’Leit fundéiert Entscheedungen treffe kënnen. Fir d’Versteesdemech vun der Ëffentlechkeet iwwer de Klimawandel zu Lëtzebuerg ze bewäerten, konzentréiert sech déi sechst Ausgab vun der EIB‑Klimaëmfro op d’Wësse vun de Bierger iwwer de Klimawandel an dräi Schlësselberäicher: Definitiounen an Ursaachen, Follegen a Léisungen. D’Participanten hunn 12 Froe beäntwert a goufen op enger Skala vun 0 bis 10 bewäert, woubäi 10 den héchste Wëssensstand ugëtt. Mat iwwer 30 000 Befroten a 35 Länner, dorënner d’EU‑Memberstaten, d’Vereenegt Kinnekräich, d’Vereenegt Staaten, China, Japan, Indien a Kanada bitt d’EIB-Klimaëmfro wäertvoll Abléck an d’allgemengt Versteesdemech vun de Leit iwwer de Klimawandel.


Wichtegst Erkenntnesser

  • Lëtzebuerg steet an den EU27 op Plaz 2 (Punktzuel vu 7,19/10) a läit domat däitlech iwwer dem EU‑Duerchschnëtt vu 6,37/10 an eisem Wëssenstest iwwer Ursaachen, Follegen an Léisunge fir de Klimawandel. Vun de befrote Länner huet Finnland déi héchst Kenntnesser opgewisen (7,22/10), gefollegt vu Lëtzebuerg (7,19/10) a Schweden (6,96/10).
>@Graphic workshop/EIB
  • Wëssenslacunnen insgesamt: Wärend déi Befrot zu Lëtzebuerg e Versteesdemech fir d’Ursaachen a Follege vum Klimawandel noweisen, hippt d’Wëssen iwwer méiglech Léisungen no. Dat spigelt d’Resultater a ganz Europa erëm.
    • 72 % gi korrekterweis un, datt d’Notzung vun ëffentleche Verkéiersmëttel amplaz vun engem eenzelen Auto hëllefräich ass.
    • 60 % (18 Punkten iwwer dem EU‑Duerchschnëtt) si sech och bewosst, datt neit Gezei manner heefeg ze kafen, eis Auswierkungen op de Klima verréngert.
    • 59 % (15 Punkten iwwer dem EU‑Duerchschnëtt) gi korrekterweis un, datt eng besser Isoléierung vu Gebaier zur Andämmung vum Klimawandel bäidroe kann.
    • Manner ewéi d’Hallschent (45 %, obwuel 19 Punkten iwwer dem EU‑Duerchschnëtt) weess, datt d’Verréngerung vun der Geschwindegkeetsbegrenzung op de Stroossen zur Andämmung vum Klimawandel bäidréit.
  • Generatiounsënnerscheeder: Déi 20- bis 29‑Järeg sinn, mat enger Punktzuel vun 7,5/10 am Verglach zu 7,13/10 fir Mënschen iwwer 30, besser iwwer déi meescht Froen am Zesummenhang mat den Ursaachen, Follegen a Léisunge vum Klimawandel informéiert ewéi d’Leit iwwer 30 Joer. An Däitschland, Frankräich an an der Belsch ass de Géigendeel de Fall, wou d’Leit iwwer 30 Joer besser mat dësem Theema vertraut sinn ewéi déi 20- bis 29‑Järeg.

Definitiounen an Ursaache vum Klimawandel

D’Wëssen iwwer d’Definitiounen an Ursaache vum Klimawandel bei de Befroten zu Lëtzebuerg läit däitlech iwwer dem EU-Duerchschnëtt (8,27/10 géintiwwer 7,21/10).

>@Graphic workshop/EIB
  • Déi meescht Befrot zu Lëtzebuerg (85 %, 14 Punkten iwwer dem EU‑Duerchschnëtt) definéieren de Klimawandel korrekterweis als laangfristeg Verännerung vum globale Klimamusteren, wärend nëmme 6 % der Usiicht sinn, datt de Klimawandel e Schwindel ass.
  • Déi meescht Befrot (82 %) erkennen och mënschlech Aktivitéite wéi Entbëschung, Landwirtschaft, Industrie an Transport als déi Haaptschëlleg un. De Rescht féiert en op Naturphenomeener (12 %) wéi Vulkanausbréch an Hëtztwellen oder d’Ozonlach (6 %) zeréck.
  • D’iwwerweiend Majoritéit vun de Befroten zu Lëtzebuerg (82 %) bezeechent d’USA, China an Indien zu Recht als déi weltwäit gréisst Treibhausgasemittenten.

Konsequenze vum Klimawandel

Op d’Fro no den Follege vum Klimawandel hunn d’Leit zu Lëtzebuerg 8,15/10 Punkten (Plaz 4 an der EU) erreecht a louchen domat nees däitlech iwwer dem europäeschen Duerchschnëtt vu 7,65/10.

>@Graphic workshop/EIB
  • 86 % si sech den negativen Auswierkunge vum Klimawandel op d’mënschlech Gesondheet bewosst – inklusiv der Tatsaach, datt de Klimawandel zu enger Hausse vu Loftschuedstoffer féiere kann.
  • 91 % verbannen de Klimawandel korrekterweis mat enger Verschlechterung vum Honger an der Welt duerch d’Auswierkunge vun extreeme Witterungsbedéngungen op d’Landwirtschaft.
  • D’Klamme vum Mieresspigel gëtt vun 81 % unerkannt, wärend nëmmen ee Fënneftel (19 %) vun de Befrote weiderhi falsch Virstellungen opweisen: 11 % mengen, datt de Mieresspigel weltwäit sénkt an 8 % hunn uginn, datt de Klimawandel keng Auswierkungen op de Mieresspigel huet.

D’Auswierkunge vum Klimawandel op d’Migratioun mat der Zounam vu Verdreiwunge weltwäit si fir méi ewéi zwee Drëttel vun de Befroten zu Lëtzebuerg (68 %) kloer.

Léisunge fir de Klimawandel

D’Bewosstsi fir Léisunge géint de Klimawandel bei de Befroten zu Lëtzebuerg (Punktzuel: 5,16/10, héchst Punktzuel ënner den EU-Länner), obwuel däitlech iwwer dem EU-Duerchschnëtt (4,25/10), weist ëmmer nach op e méi geréngt Wëssen iwwer Léisungen hin ewéi an de béiden anere Beräicher (Ursaachen a Follegen). Dat spigelt e méi ëmfaassenden Trend erëm, bei deem déi meescht Länner an dësem Beräich méi niddereg Punktzuelen erzilen.

>@Graphic workshop/EIB
  • Déi meescht Befrot zu Lëtzebuerg (82 %, 10 Punkten iwwer dem EU‑Duerchschnëtt) wëssen, datt d’Benotze vu recycléierbare Produkter zur Andämmung vum Klimawandel bäidréit.
  • 72 % gi korrekterweis un, datt d’Notzung vun ëffentleche Verkéiersmëttel amplaz vun engem eenzelen Auto hëllefräich ass.
  • 60 % (18 Punkten iwwer dem EU‑Duerchschnëtt) si sech och bewosst, datt neit Gezei manner heefeg ze kafen, eng Méiglechkeet ass, eis Auswierkungen op de Klima ze verréngeren.
  • 59 % (15 Punkten iwwer dem EU‑Duerchschnëtt) ginn och korrekterweis un, datt Gebaier besser ze isoléieren, eis Auswierkungen op de Klima verréngert.
  • D’Virdeeler vun enger Verréngerung vun de Geschwindegkeetsbegrenzungen (45 %, awer ëmmer nach 19 Punkten iwwer dem EU‑Duerchschnëtt) oder eng Aschränkung vun der digitaler Notzung (22 %, ëmmer nach wäit iwwer dem EU‑Duerchschnëtt vun 9 %) fir d’Andämmung vum Klimawandel sinn nëmme begrenzt bekannt.
  • Nëmmen d’Hallschent (50 %) definéiert den CO₂-Foussofdrock vun enger Persoun korrekterweis als „Gesamtzuel vun den Treibhausemissiounen, déi eng Persoun pro Joer emittéiert", wat mat de meeschten aneren europäesche Länner iwwereneestëmmt.

Generatiounekloft

Am Géigesaz zu ville vun hiren europäeschen Noperen – inklusiv den Däitschen, Fransousen a Belsch – verfüge vill lëtzebuergesch Jugendlecher laut de Resultater vun der EIB-Ëmfro iwwer e méi héicht Mooss u Wëssen iwwer de Klimawandel ewéi hir eeler Matmënschen.

Tatsächlech hunn déi Befrot am Alter vun 20 – 29 zu Lëtzebuerg bei de meeschte Froen, déi am Kader vum Test gestallt goufen, besser ofgeschnidden ewéi d’Leit iwwer 30 (Gesamtpunktzuel 7,59 géintiwwer 7,13). Dës Kloft ass statistesch signifikant, besonnesch fir d’Follegen (8,49 bei den 20- bis 29-Järegen géintiwwer 8,06 bei den eelere Generatiounen) an de Léisungen (5,84 géintiwwer 5,05) vum Klimawandel.

D’Europäesch Investitiounsbank (EIB), de Finanzéierungsaarm vun der Europäescher Unioun, investéiert a Groussprojeten a ganz Lëtzebuerg, déi sech op Beräicher wéi Klimawandel, Innovatioun, Infrastruktur an nohaltege Verkéier konzentréieren. Zu de bemierkenswäerte Beispiller vun de leschte Joren zielen d’Finanzéierung vun Coradia-Schinnegefierer fir d’CFL (geschwënn asazbereet), d’Ënnerstëtzung vun der neier SES-Satelliteflott, Investitiounen an Nanosatelliten a Bäiträg zu modernen, energieeffiziente Schoulen an ëffentlechen Infrastrukturen, inklusiv der nationaler ëffentlecher Bibliothéik E Virweisprojet fir Ëmwelt- an Héichwaasserschutz ass d’Renaturéierung vun der Uelzecht an hirem Niewefloss Péitruss am Zentrum vun der Stad.

D’Europäesch Investitiounsbank (EIB) ass och Partner vun de lëtzebuergeschen Autoritéiten, bitt Fachwëssen a Berodungsservicer a verschiddene Beräicher a verwalt spezifesch Fonge wéi d’lëtzebuergesch Klimafinanzéierungsplattform (LCFP), eng gemeinsam Initiativ fir d’Mobiliséierung an Ënnerstëtzung vun internationale Klimafinanzéierungsinvestitioune mat Schwéierpunkt op Klimaschutz an Upassung. De Schwéierpunkt läit op der Finanzéierung vu klimabezunne Projeten, dorënner erneierbar Energien, Energieeffizienz a Klimaresilienz.

Hannergrondinformatiounen

Daten a Methodik

D’Ëmfromethodik, de Questionnaire an de vollstännegen Datesaz kënnen hei erofgeluede ginn.

Iwwer d’Europäesch Investitiounsbank

D’Europäesch Investitiounsbank (EIB) ass d’Institutioun vun der Europäescher Unioun fir laangfristeg Finanzéierungen am Besëtz vun den EU‑Memberstaten. Se ass a méi ewéi 160 Länner aktiv a stellt laangfristeg Finanzéierungsmëttel fir zolidd Investitiounen bereet, fir e Bäitrag fir d’Erreeche vun de politeschen Ziler vun der EU ze leeschten. Weider Informatiounen iwwer d’EIB a Klimaeducatioun fannt Dir hei.

Iwwer BVA Xsight

BVA Xsight ass e Pionéier an der Maartfuerschung a ‑berodung.